Lasep – „Fun-Athletics“
12 Kanner aus der Veiner Schull hunn de 17.01.2023 um „Fun-Atheltics“ an der Coque an der Stad Deel geholl. 2 Equippen hunn sech deene verschiddenen Ateliere gestallt wou d’Kanner Geleeënheet hate verschidde Liichtathletiksportarten auszeprobéieren.
Un éischter Stell stoungen natierlech Spaass, Zesummenhalt an Equippegeescht. D’Kanner aus de Cyclen 3 a 4 hunn hir Aufgab mat Bravour gemeeschtert a konnten dëse flotten Nomëtte mat engem Staffellaf ofschléissen. E sportleche Bravo un all eis Participanten!
![IMG-20230117-WA0015 Lasep - "Fun-Athletics"](https://veinerschull.lu/wp-content/uploads/2023/01/IMG-20230117-WA0015-768x1024.jpg)
![IMG-20230117-WA0007 Lasep - "Fun-Athletics"](https://veinerschull.lu/wp-content/uploads/2023/01/IMG-20230117-WA0007-768x1024.jpg)