Wéi déi letzt Joren och, war den 19. Mee 2023 nees de Pompjeesdag fir d’Cyclen 3.2 bis 4.2. De ganze Moien hunn d’Schüler an 3 verschiddenen Ateliere vill Wëssenswäertes iwwert d’Material, d’Asätz an den Alldag vun de fräiwëllege Pompjeeë geléiert. Si konnten e klengt Feier läschen, éischt Hëllef um Dummie leeschten, kruten eng spektakulär Fettexplosioun virgefouert a konnten sech als Ofschloss nach ënnert dem Waasserwerfer erfrëschen. All Schüler krut och nach eng Schockelasmëllech spendéiert. D’Begeeschterung war grouss an deen een oder anere wäert deemnächst Member vun de Veiner Pompjee ginn. D’Veiner Schull seet dem Pascal Heinen a senger ganzer Equipe villmools Merci fir hiert Engagement an déi ganz Organisatioun a mir kommen d’nächst Joer ganz gär zréck.