D’ ”Elteren fir d’Vakanzekolonie” steet fir eng flott Equipe, déi sech zesummegedoen huet, mam Zil eis Veiner Schullkanner glécklech ze maachen.
Fir dëst ze erreechen si mer op 2 Manéieren aktiv: Op der enger Säit organiséiere mer divers Eventer, wéi d’Krëstbeemercher asammelen, de Kannerfuasbal, d‘Kirmes, Halloween um Schlooss oder mer bedeelegen eis un Veiner Eventer, wéi de Nëssmoort, de Krëstmoort.
Op der anerer Säit ënnerstëtze mer d’Veiner Schull finanziell fir dass déi verschidde Klassen ee méi groussen oder e puer kleng Ausflich kënnen organiséieren. Finanzéiert gëtt dat dann duerch eis Eventer. Aktuell besteet eise Veräin aus 6 Kommiteesleit an vereenzelt Memberen a Frënn, déi eis ëmmer versichen eng Hand unzepaken.
Mer géifen eis freeën, wann eis Equipe nach e bëssi Verstäerkung géif kréien.