Eng wibbeleg Woch an der Veiner Schull
Freed un der Beweegung hunn, an dat net just an der Fräizäit, mee och an der Schoul. Dee nei lancéierte Projet „WibS“ (Wibbelen an intelligent beweegen an der Schoul) vum Script versicht op eng spilleresch Aart a Weis de Schüler de Spaass un der Beweegung méi no ze bréngen. Och an der Veiner Schull gouf queesch duerch d’Cyclë gewibbelt: An der Klass, am Schoulhaff, am Gank a natierlech och an der Sportshal. Déi engagéiert Leit vum Script hu wärend enger ganzer Woch de Schüler an hiren Enseignanten mat klenge Spiller gewisen, wéi een tëscht all deem Léiere bëssi Beweegung an de Schoulalldag kritt. D’Veiner Schull wert och d’nächst Joer nees un deem sportleche Projet deelhuelen.