Pompjeesdag 2023
Pompjeesdag 2023 Wéi déi letzt Joren och, war den 19. Mee 2023 nees de Pompjeesdag fir d’Cyclen 3.2 bis 4.2. De ganze Moien hunn d’Schüler an 3 verschiddenen Ateliere vill Wëssenswäertes iwwert d’Material, d’Asätz an den Alldag vun de fräiwëllege Pompjeeë geléiert. Si konnten e klengt Feier läschen, éischt Hëllef um Dummie leeschten, kruten eng spektakulär Fettexplosioun virgefouert…