Fetten Donneschdeg 2026
„Hei kommen déi Veiner Meedercher/Jongen…“ huet et dësen Donneschdeg, den 12. Februar 2026, nees duerch ganz Veianen geschallt. Ganz traditiounsgeméiss waren d’Kanner och dëst Joer op Fetten Donneschdeg heeschen. D’Ënnescht- an d’Iewegtgaasser Jongen a Meedercher sinn verkleed duerch d’Stroosse gezunn an hu Séisses an och e puer Su fir an d’Spuerschwäi gesammelt.
Mat de faarweg dekoréierte Weenercher, déi d’Schoulkanner aus dem Cycle 4 gemolt hunn, ass all Grupp duerch d’Stroosse gezunn an huet fir vill Freed an eng flott Atmosphär an der Stad gesuergt.
Dës Traditioun steet fir vill Fuesfreed, Zesummenhalt an d’Weiderginn vun engem Brauch, dee fir vill Leit zu Lëtzebuerg nach ëmmer e wichtege Bestanddeel vun der Kandheet ass.
E grousse Merci un all d’Veiner Leit, déi de Kanner Joer fir Joer hir Dieren opmaachen an dës schéin Traditioun um Liewen halen.
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden









