Bicycool : Eng sportlech Woch geet zu Enn
Am Kader vum Projet „Bicycool“ konnten d’Kanner aus der Veiner Schull hir Talenter um Vëlo ënner Beweis stellen.
No enger kuerzer Aféierung zum Thema „Sécherheet um Vëlo“ an no kandgerechten Erklärunge wéi ee säin Helm a säin Drotiesel a Schoss hält, goung et lass.
Sämtlech Klassen aus de Cyclen 1-4 hunn op engem op hiren Alter ofgestëmmte Parcours hiert Geschéck getest: Iwwer Rampen, ronderëm Hittercher oder souguer ënnert Staangen erduerch, näischt war de Kanner ze schwéier.
Si hunn d’Erausfuerderunge gemeeschtert an hate puer aktiv a flott Stonnen op hire Vëloen respektiv Trotinetten.
E grousse Merci un d’Suzie, de Sven an de Lex fir hiren Asaz an dësem flotte Projet.