De Cycle 2.2 aus der Veiner Schull um Wibbel&Dribbel zu Ettelbrëck
De Cycle 2.2 aus der Veiner Schull um Wibbel&Dribbel zu Ettelbrëck fir méi Fotoen héi Klicken
De Cycle 2.2 aus der Veiner Schull um Wibbel&Dribbel zu Ettelbrëck fir méi Fotoen héi Klicken
Schoulsportdag 2025 an der Veiner Schull Donneschdes, den 3. Juli 2025 war nees Beweegung an der Veiner Schull. D’Kanner an hiert Léierpersonal haten sech um Camping „Um Deich“ afonnt fir e ganze Moien ze sprangen, ze klammen an ze danzen. Eng sëllegen Atelieren hu fir all Alter eppes gebueden: Op eng Course mat de…
Dag vum Bam 2025 De 7. Juni 2025 stoung ganz am Zeeche vum Bam. An Zesummenaarbecht mat vereenzelte lokale Veräiner an der Maison Relais huet d’Veiner Gemeng e léierräichen a spannenden Dag organiséiert, bei deem d’Kanner vill intressant Atelieren zum Thema Bam konnten duerchlafen. Egal op Kreativitéit, Wëssen oder Geschécklechkeet, et war fir jiddereen eppes…
d’Veinerschull invitéiert op hiert S c h o u l f e s t Samsdes, den 28. Juni 2025 1 1 H 0 0 – 1 5 H 0 0
D’Veiner MUSEP ënnerwee E Samsdeg, den 3. Mee haten d’Kanner aus der Veiner MUSEP Rendez-Vous zu Stroossen am Centre Culturel Paul Barblé fir zesumme mat anere Schoule Musek ze maachen. Nieft Veianen a natierlech Stroossen war nach d’MUSEP vun Ettelbréck vertrueden. Ab 10h30 koumen d’Kanner, hir Famillen a Frënn an de Genoss vun engem flotte…
Éischte Schoulhond fir d’Veiner Schull Säit Enn Abrëll ass d’Veiner Schull houfreg kënnen hiren éischte Schoulhond virzestellen: De Karel. De schwaarze Labrador huet zesumme mat senger Meeschtesch Anouk Galassi all Test an Exame mat „Distiction“ bestan an däerf sech lo offiziell als Schoulhond bezeechnen. Duerch konkret kandorientéiert Zilvirgaben hëlleft eise neie Schoulhond Léierprozesser ze initiéieren,…
Eppes Séisses fir Ouschteren Wéi virun all Schoulvakanz huet eis ESEB sech och des Kéier nees eppes Guddes afale gelooss fir mat de Kanner ze maachen: Et gouf Bananne-Milkshake a Vanillspudding fir d’Veiner Schoulkanner. Mat vill Engagement hunn d’Kanner geschnëppelt a gemixt fir an der Moiespaus kënnen des séiss Erfrëschungen ze verkafen. Den Erléis gëtt…
Fetten Donneschdeg 2025 „Hei kommen déi Veiner Meedercher/Jungen…“ huet et dësen Donneschdeg nees duerch ganz Veianen geschalt. Ganz traditiounsgeméiss waren d’Kanner op Fetten Donneschdeg heeschen. D’Ënnescht-an d’Iewegtgaasser Jongen a Meedercher sinn trotz Reeschauer verkleed duerch d’Stroosse gezunn an hu Séisses a puer Su fir an d’Spuerschwäi gesammelt. Merci un all d’Veiner Leit, déi de Kanner…
Gudde Moien, Leider muss ech Iech matdeelen, dass eis Generalversammlung e Mëttwoch 26/03 kuerzfristeg muss ofgesot ginn. Et sinn Punkten opgetaucht, déi nach musse geklärt ginn. En neien Datum kann ech direkt nach net matdeelen, et wärt awer eréicht Mee ginn. D’Invitatiunn kënnt nach no. Merci fir Äert Versteestemech. mat frëndleche Gréiss…
Virliesconcours 2025 – Veiner Schull Am Kader vum nationale Virliesconcours hat och d’Veiner Schull 4 Liesraten, déi et bis an d’Schoulfinal gepackt haten. D’Joy an de Pit aus dem C4.1 souwéi d’Lea an d’Lou aus dem C4.2 hunn sech de 6. Februar engem 7-käppege Jury gestallt fir de Schoulgewënner ze ermëttelen. All…