Eppes Séisses fir Ouschteren
Wéi virun all Schoulvakanz huet eis ESEB sech och des Kéier nees eppes Guddes afale gelooss fir mat de Kanner ze maachen: Et gouf Bananne-Milkshake a Vanillspudding fir d’Veiner Schoulkanner.
Mat vill Engagement hunn d’Kanner geschnëppelt a gemixt fir an der Moiespaus kënnen des séiss Erfrëschungen ze verkafen.
Den Erléis gëtt Enn des Schouljoers fir e gudden Zweck gespent. Mëttlerweil ass schonn eng flott d’Somme zesummekomm a bis Juli gëtt nach fläisseg weidergesammelt.
D’Veiner Schull wënscht jidderengem schéin Ouschteren.