De Cycle 2 an der Stad Lëtzebuerg
D’Kanner vum Cycle 2 waren den Freideg, 12. Mee an d’Philharmonie de Konzert „D’fënnef Elementer“ lauschteren. Dobäi konnten si live den Orchester, esou wei déi passend Instrumenter dozou gesinn. D’Kanner konnten Stécker vu bekannten Komponisten lauschteren, dorënner zum Beispill dem Beethoven seng 6.Symphonie. Fir an d’Stad hunn d’Kanner den gratis ëffentlechen Transport kenne netzen. Esou sinn eng Partie Schüler och fir d’éischte kéier mat der Funiculaire am Pafendall, mam Tram oder mam Zuch matgefuer. Als Ofschloss sinn mir all zesummen op d’Piratespillplaz gaangen.