Schoulfest 2023
Kuerz iert et lo roueg gëtt an der Veiner Schull, war samschdes, den 8. Juli nach eng Kéier eng méi lass am Schoulhaff. Bei herrlechem Summerwieder konnten d’Kanner, zesumme mat hiren Elteren an Enseignants puer flott Stonnen um Schoulfest verbréngen. Eng sëllegen kreativ a flott Atelieren, eng Tombola, e Sprangschlass an en spektakulären Optrëtt vum Georges Christen hu fir Amusement gesuergt an et huet och kee misste mat eidelem Bauch heemgoen.
Op dëser Plaz e grousse MERCI un déi eenzel Veräiner, déi sech Zäit geholl hunn eise Schoulkanner eppes ze bidden. Och der Maison Relais an dem Léierpersonal en décke MERCI fir hiren Asaz.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden