Nëssschidden 2023
De „Veiner Nëssmoort“ steet virun der Dier an dofir waren d’Veiner Schoulkanner och dëst Joer nees op hirem traditionellen „Nëssschidden“ aktiv. D’Schüler aus de Cyclen 3.2; 4.1 a 4.2 hu wärend bal 3 Stonne voller Begeeschterung Nëss gesammelt, déi um Nëssmaart um Stand vum Veräin „Eltere fir d’Vakanzekolonie a.s.b.l.“ kënne verkaf ginn.
Mat Asaz, Freed a mat Hëllef vun de Gemengenaarbechter, déi mat der Rëselmaschinn dobäi waren, hu vill fläisseg Hänn dann och puer Kilo Nëss zesummekritt, déi lo nach gedrëschend musse ginn.
En décke Merci un eis Schüler fir hir gutt Aarbecht a Motivatioun an där Saach.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden