D’Veiner Schullkanner ginn hääschen
D’Fuesent huet och zu Veianen lo richteg ugefaang. Trotz Schmuddelwieder hunn d’Kanner sech et net huele gelooss a si verkleet duerch Veianen gezu fir Séisses a puer Su ze sammelen.
D’ënnischtgaasser Meedercher a Jongen an d’iewischtgaasser Meedercher a Jongen hate fläisseg hiert Litt geübt a si vun Haus zu Haus sange gaang. Um Enn ware Weenercher voll Schneekereien, Mënz an zefridde Gesiichter ze gesinn.
Merci u jiddereen, dee gehollef huet de Kanner eng Freed ze maachen a merci un d’Kanner déi hëllefen dës al Veiner Traditioun oprecht ze erhalen.
Dat Ganzt wier net méiglech ouni d’Ënnerstëtzung vun verschiddenen Elteren déi d‘Kanner op hirem Tour begleet hunn an déi Läit vum Léierpersonal déi gehollef hunn ze deelen. Grousse MERCI!