38. Cross national zu Dikrech
An der Woch virun Allerhellegen ass et nees sportlech zougaangen. 10 Kanner aus der Veiner Schull haten sech am Kader vun der LASEP um 38. Cross national zu Dikrech ageschriwwen. Eis Jongen a Meedercher hunn all hiert Bescht ginn an haten e sportlechen Nomëtteg mat Freed a Spaß un der Saach.
D’Veiner LASEP konnt um Enn ganzer 3 Medaillen op hirem Kont verbuchen. De Kadja Evan ass a senger Alterskategorie op déi 3 Plaz gerannt. Eng ganz staark Selvermedaille ass fir Muna Wasiq a fir Lea Weber erausgesprong.
Bravo un eis 3 Medaillegewënner an all déi aner Kanner aus der Veiner Schull fir hiren Asaz an hir gudd Performancen.