LASEP-Cross zu Dikrech
Obwuel et naass a stiermesch war hunn sech 22 Jongen a Meedercher dënstes, den 28. Oktober 2025 op de Wee op Dikrech gemaach fir do um LASEP-Cross deelzehuelen. De Wand huet de Kanner em d’Ouere geblosen an hinnen de Parcours nach eng Grëtz méi schwéier gemaach. Um Enn konnt d’Veiner LASEP sech awer rëm iwwer e Podium freeën: D’Muna Wasiq ass e senger Kategorie op déi fantastesch zweet Plaz geflitzt. Bravo Muna a bravo all deenen anere klengen Athletinnen an Athlete fir hiren Asaz.









