D’Veiner LASEP am Asaz um Butzendag
Enn November war et nees sou wäit: Butzendag am Kader vun der LASEP. Dëst Joer haten déi Kleng sech mat hiren Enseignants Rendez-Vous zu Schieren an der Sportshal ginn. Do konnten si wärend puer Stonne klammen, sprangen, lafen an hir Geschécklechkeet ënner Beweis stellen. Fir all Kand war e flotten Atelier dobäi an deem et sech konnt austoben. Den Zesummenhalt an d’Freed um Sport stoungen awer, wéi bei all Aktivitéit vun der LASEP, am Vierdergrond a wéi een op de Biller gesäit war och de Butzendag 2025 e groussen Erfolleg.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden









