LASEP – Promotion Dance um Helperknapp
Vill Beweegung, Musek a gutt Laun stoungen um Programm, wéi d’Kanner aus dem Cycle 1 bis Cycle 4 vun der Veiner Schull um Promotion Dance um Helperknapp deelgeholl hunn.
Mat vill Energie a Begeeschterung hunn d’Kanner gedanzt, gelacht an zesummen eng flott Zäit verbruecht. Egal ob kleng oder grouss, jidderee konnt sech zur Musek beweegen an de Spaass um Danzen voll ausliewen.
D’Freed war op alle Gesiichter ze gesinn, an d’Atmosphär war duerch a duerch positiv a motivéierend. Fir d’Kanner war et eng super Erfarung, déi si sécher nach laang an Erënnerung behalen.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden








