Junior Robot Challenge – Eng flott Erfarung fir de C2.2 aus der Veiner Schull
Am Kader vum Programm „LevelUp“ huet de C2.2 aus der Veiner Schull den 19. Abrëll 2026 un der Final vun der Junior Robot Challenge deelgeholl. D’Final huet am Kader vun der YEP!-Foire an der Luxexpo stattfonnt.
D’Klass vum Corinne Van Den Eeden hat sech ënner ronn 20 Participanten eng vun de véier Finalplaze geséchert, eng grouss Leeschtung schonn am Virfeld.
Iwwer e puer Wochen haten d’Kanner sech intensiv mat der Robotik beschäftegt, kreativ Roboter entworf an duerch eng selwer entwéckelt, analog „Programméiersprooch“ zum Liewen erwächt. Dobäi konnten si wichteg Kompetenze wéi logescht Denken, Problemléisung, Teamwork a Kreativitéit entwéckelen.
Fir d’Kanner war d’Final eng ganz besonnesch a wäertvoll Erfarung, well si hiert Kënnen virun engem grousse Public ënner Beweis stelle konnten. No enger couragéierter a staarker Leeschtung huet de Grupp aus dem C2 vu Veianen eng flott 4. Plaz erreecht.
Eng gelongen Initiativ, déi net nëmmen d’Begeeschterung fir Technik a Robotik fërdert, mee och de Kanner d’Méiglechkeet gëtt, iwwer sech eraus ze wuessen an zesummen Erfolleger ze erliewen.
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden








