Visite bei der Police Dikrech
E Méindeg, den 18. Mee 2026 stoung fir den C4.2 aus der Veiner Schull eng intressant Visite um Stonneplang: Si konnten hannert d’Kulissen um Policebüro zu Dikrech luussen. Wärend iwwer 3 Stonne goufe Froe gestallt, Schosswesten ugemooss, Radarkontrolle gemaach, Handschellen uprobéiert an och de Fuerpark mat de Sireenen an de bloe Luuchten huet net dierfe feelen.
D’Madamm Carole Weber an den Här Gilles Wengler hunn de Schüler och d’Méiglechkeet ginn sech fir puer Minutten a Verhéierraim an an Ausniichterungszellen anzequartéieren, fir alles sou authentesch wéi méiglech riwwer ze bréngen.
Des Weideren goufen et exklusiv Ablécker an d’Asazzentral an a Büroen.
Als Erënnerung un dee léierräiche Moie krut all Kand nach e Bidon vun der Police geschenkt.
D’Veiner Schull seet Merci.








