MUSEP Veianen – Certificatszeremonie zum Ofschloss vum Schouljoer
Zum Ofschloss vum Schouljoer kruten all d’Kanner, déi dëst Joer regelméisseg un de Coursen vun der MUSEP Veianen deelgeholl hunn, hire Certificat iwwerreecht.
Mat vill Stolz hunn d’Kanner hire Certificat entgéintgeholl, deen hiren Engagement an hir Begeeschterung fir d’Musek am Laf vum Schouljoer ënnersträicht. Nieft dem Léiere vun engem Instrument hu si vill flott musikalesch Erfarunge gesammelt an hir Talenter weider entwéckelt.
E grousse Merci geet un d’Claudine Roettgers an d’Lisa Del Prete, déi d’Kanner dat ganzt Schouljoer iwwer mat vill Engagement, Gedold a Begeeschterung musikalesch begleet hunn. Duerch hiren Asaz konnten d’Kanner vill flott Momenter erliewen an hir Freed un der Musek ausbauen.
Mir gratuléieren all de Kanner fir hir Leeschtungen a wënschen hinnen och an Zukunft vill Freed um Musek maachen. 🎶👏🎵
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden











