Den C2.2B aus der Veiner Schull zu Ettelbréck um Wibbel an Dribbel
Den 9. Juli 2026 war de C2.2B aus der Veiner Schull zu Ettelbréck um Wibbel an Dribbel dobäi. D’Kanner haten d’Méiglechkeet, eng ganz Rei spannend Sportaarten auszeprobéieren an nei Erfarungen ze sammelen.
Um Programm stoungen ënner anerem Vëlofueren, Turnen, Kloteren, Basketball, Handball, Taekwondo, Karate, Judo a Squash. Mat vill Freed a Begeeschterung hunn d’Kanner bei de verschiddenen Ateliere matgemaach a konnten esou hir sportlech Fäegkeeten entdecken an ënner Beweis stellen.
Mëttes hunn si sech bei engem leckere Plat Nuddele gestäerkt, fir duerno nees voller Energie un den Aktivitéiten deelzehuelen.
Et war e gelongenen Dag mat vill Beweegung, Spaass a flotte gemeinsame Momenter.
___________________________
___________________________








