Bëschwoch am C1 bei der Canicule
Wärend der Canicule huet de C1 d’Méiglechkeet genotzt, e puer flott Stonnen an der fräier Natur ronderëm Veianen ze verbréngen. Am Schiet vum Bësch konnten d’Kanner bei agreabele Temperaturen zesumme spillen, entdecken a léieren.
Nieft ville spannenden Aktivitéiten haten d’Kanner och d’Geleeënheet, gemeinsam ze iessen an déi schéin Natur mat allen Sënner ze erliewen. De Bësch huet dobäi eng ideal Ëmgéigend gebueden, fir Neies ze entdecken an gläichzäiteg eng flott Zäit mateneen ze verbréngen.
Dëse besonnesch Bëschwoch huet de Kanner vill Freed gemaach a gewisen, wéi vill léierräich an onvergiesslech Erliefnisser d’Natur bereethält.








