Besuch bei de Veiner Pompjeeën
D’Klass vum Janis Blum aus dem C1A hat viru kuerzem d’Geleeënheet, d’Pompjeeën zu Veianen ze besichen. Wärend dësem flotte Visit kruten d’Kanner de Pompjeesbau gewisen an interessant Erklärungen iwwer d’Aarbecht vun de Rettungsdéngschter. Besonnesch beandrockt waren si vun de groussen Asazgefierer an dem Material, dat bei Asätz benotzt gëtt.
Trotz den héijen Temperaturen haten d’Kanner eng spannend an léierräich Zäit a konnten vill nei Andréck mat heem huelen.
E grousse Merci geet un d’Veiner Pompjeeën fir hire frëndlechen Accueil, hir Zäit an déi interessant Presentatioun. Sou Erliefnisser droen dozou bäi, de Kanner d’Aarbecht vun de Rettungsdéngschter méi no ze bréngen an d’Wichtegkeet vun hirem Engagement ze verstoen.
—
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden








