Freides, den 3. Juli 2026 war am Schoulhaff vun der Veiner Schull nees eppes méi gebueden: Knuspereg Wafelen, häerzhaft Gegrills oder en äiskale Patt, hongereg ass keen heemgaangen. D’Veiner Schull hat op hiert Schoulfest invitéiert, dat ënnert dem Motto Fussball WM stoung. E sëllege Veräiner hunn de Kanner flott a kreativ Atelieren ugebueden. Vun selwer gemaachte Pins, iwwer Musiksinstrumenter testen, engem Waasserkicker, T-Shirte mole bis hin zum engem Quiz iwwer d’Fussball WM, et war fir all Goût eppes dobäi. An de Raimlechkeete vum Schoulgebai konnt een op der Bicherausstellung alles kafen wat d’Lieseratenhäerz méi héich schloe léisst.
Fir eng Haaptattraktioun war och dëst Joer nees gesuergt: „Freestyle Football Show“ hu Grouss a Kleng mat hire Fussballkënscht zum Staune bruecht.
Ofgeronnt gouf d’Schoulfest 2026 mat enger Scheckiwwerreechung un „ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt“. Hei haten d’Schüler zesumme mat eiser ESEB-Equipe am Laf vum Schouljoer 1550 Euro gesammelt, dëst mat klenge Kuchaktiounen, Popcornverkaaf selwer gemaachten Uebstspiissen oder Nuddelen.
Merci u jiddereen deen eng Hand mat ugepaakt huet a merci un all déi Leit, déi bis luusse koumen.








