Léif Elteren,
Säit Woche gëtt an all Klass fläisseg gemoolt, gebastelt, gepecht a geseet: De Konschtprojet 2024, ënnert dem Motto „Kannerbicher als Konscht duerstellen“, steet virun der Dier. Dofir luet d’Léierpersonal aus der Veiner Schull Iech an Är Kanner häerzlech an un dësem Evenement deelzehuelen.
E Freideg, de 5. Juli 2024 vu 17:00 bis 19:00 Auer kënnt Dir souwuel am Schoulgebai wéi och baussen am Haff déi flott Konschtwierker vun de Kanner bewonneren. All Klass hat sech am Virfeld Gedanke gemaach, wéi en déi grenzelos Welt vun de Kannerbicher kéint kënschtleresch duerstellen a gleeft eis, d’Resultater kënnen sech weise loossen.
Selwer gebastelt Schëlter an e klengt Quiz leeden Iech duerch d’Ausstellung, fir datt Dir och näischt verpasst an alles gesitt wat ausgestallt ass.
Sollt Dir nom Konschttour duerch a ronderëm d‘Schoul hongreg an duuschtreg sinn, kënnt Dir gär eppes iessen oder drénken, fir Béides ass beschtens gesuergt.
Kommt bis luussen a verbréngt puer schéi Stonne mat eis, äre Kanner oder mat Frënn an engem faarwege vun de Schoulkanner realiséierte Kader.
Mir freeën eis op Iech.
D’Léierpersonal aus der Veiner Schull