Schoulsportdag 2025 an der Veiner Schull
Donneschdes, den 3. Juli 2025 war nees Beweegung an der Veiner Schull. D’Kanner an hiert Léierpersonal haten sech um Camping „Um Deich“ afonnt fir e ganze Moien ze sprangen, ze klammen an ze danzen. Eng sëllegen Atelieren hu fir all Alter eppes gebueden: Op eng Course mat de Flitzien, e Bällebad, e Klammtuerm, en Danzatelier, oder souguer en Zirkusatelier, jidderee koum op seng Käschten. Als kleng Erënnerung un dee sportlechen Dag krut all Kand e flotten Turnsak mat op den Heemwee.
D’Schüler freeën sech lo schonn op d’Editioun 2026.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de ViandenVeiner Schull
5A, rue Victor Hugo, L-9414 Vianden
http://www.veinerschull.lu
Président du comité d’école de l’école fondamentale de ViandenVeiner Schull
5A, rue Victor Hugo, L-9414 Vianden
http://www.veinerschull.lu