Bicycool: Sécherheet a Freed um Vëlo
Pünktlech zum Fréijoersufank waren d’Kanner aus der Veiner Schull nees mat hirem Vëlo ënnerwee, dëst am Kader vum „Bicycool“-Projet vum Script.
Sëtzt mäin Helm richteg um Kapp? Sinn meng Pneuen opgepompelt a mäi Suedel op meng Gréisst agestallt? No e puer kuerzen awer wichtegen sëcherheetstechnischen Erklärungen konnten d’Kanner aus dem C2-C4 sech am Parkhaus nieft der Schoul richteg austoben.
Keng Ramp war hinnen ze héich, den Hitterchersparcours hunn se mat Bravour gemeeschtert a souguer eng ofschléissend Schleekecourse konnt sech hirer Begeeschterung net an de Wee stellen.
D’Réckmeldungen, souwuel vun de Kanner wéi och vun den Organisateure waren sou positiv, datt enger Editioun 2025 sécherlech näischt wäert am Wee stoen.
E grousse Merci dem Sven, Mike, Lex a Suzie fir äer Gedold an äeren immensen Asaz dësem flotte Projet.
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden