Virliesconcours 2025 – Veiner Schull
Am Kader vum nationale Virliesconcours hat och d’Veiner Schull 4 Liesraten, déi et bis an d’Schoulfinal gepackt haten.
D’Joy an de Pit aus dem C4.1 souwéi d’Lea an d’Lou aus dem C4.2 hunn sech de 6. Februar engem 7-käppege Jury gestallt fir de Schoulgewënner ze ermëttelen.
All Kand huet en Extrait aus sengem Liblingsbuch virgelies, dëst viru ronn 60 Kanner aus dem C3 an C4. D’Kandidaten hunn hir Saach ganz gutt gemeeschtert an um Enn hat d’Lea d’Nues vir a start lo an der Véirelsfinall wou hatt eis Schoul vertrëtt.
Lo heescht et Daumen drécke fir d’Lea. D’nächst Joer kann dann nees all Kand aus dem C4 säi Gléck versichen.