Nëssschidden 2025
Wien e Freideg Mëtteg, den 3. Oktober an d’Kënzebaach zu Veianen spadséiere war, huet sech vläit gefrot, firwat tëscht 60 a 70 Schoulkanner voller Motivatioun duerch d’Wise gespronge sinn? D’Äntwert ass ganz einfach: De Veiner Nëssmoort steet virun der Dir.
Wéi all Joer waren den C3.2, den C4.1 an den C4.2 Nëss schëdden an hunn sech och vum naassen Hierschtwieder net ofhale gelooss kiloweis Nëss opzerafen. Des ginn, zesumme mat e sëllegen anere gudde Saachen vun de Schoulkanner an Zesummenarbëcht mat den „Eltere fir d’Vakanzekolonie a.s.b.l.“, den 12. Oktober um Veiner Nëssmoort verkaf.
Merci de Kanner an hirem Léierpersonal fir hiren Asaz.