Äddi, Krëschtbeem!
D’Krëschtsaison 2025/2026 ass eriwwer – an domat war et Zäit, den ale Krëschtbeemercher Äddi ze soen! Dësen Donneschdeg, 8. Januar 2026, waren d’Schoulkanner vun der Veiner Schoul dofir fleisseg ënnerwee an hunn d’Krëschtbeemercher uechtert Veianen agesammelt.
Och rëmm naasst a kaalt Wieder konnt d’Kanner net ofhalen. Eng grouss Partie Kanner aus dem ganze Cycle 3 hunn sech gutt agedeckt op de Wee gemaach – mat vill Asaz a gudder Laun!
Dobäi goufen Sue fir d’Kolonieskees gesammelt. Dank dëser souwéi villen aneren Aktiounen, déi d’Kanner iwwer dat ganzt Schouljoer organiséieren, tauschen si iwwert de Summer d’Keelt géint Sonn, Strand a Sand.
E grousse MERCI a vill Unerkennung gëllen dem bedeelegte Léierpersonal souwéi den „Elteren fir d’Vakanzekolonie a.s.b.l.“, déi d’Kanner bei dëser schéiner a gelongener Aktioun engagéiert ënnerstëtzt hunn.
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden








