Visite op der SEO
De Cycle 4.2 war e Méindeg, den 1. Juni 2026 e klengen Ausflug op d’SEO maachen. Vum Pascal Heinen kruten déi 18 Kanner vill Wëssenswäertes iwwert d’Entstehungsgeschicht an de Fonctionnement vun der SEO erkläert. No enger kuerzer Aféierung goung et an de Besucherstollen an an d’Kaverne mat de grousse Maschinnen.
Um Enn vun der Visite konnten d’Kanner nach all hir Froen am Konferenzraum stellen, déi de Pascal mat vill Gedold beäntwert huet. Iert et an d’Schoul zréckgaang ass, hunn d’Kanner an hiert Léierpersonal nach en Abstecher op den Oberbecken gemaach. Et war e léierräichen a flotte Moien.





















