Schoulsportdag 2026
En Donneschdeg, den 11. Juni 2026 war um Camping „Um Deich“ eng weider lass: D’Veiner Schull hat Schoulsportdag. Wärend engem ganze Moie konnten d’Kanner vum C1-C4 sech a verschiddene Sportaarten austoben a weise wat se kënnen. Et waren dëst Joer vill Veräiner op der Plaz, fir de Schüler en ofwiesslungsräiche Programm kënnen unzebidden.
Dëse Schoulsportdag wier ouni d’Ënnerstëtzung vu ville engagéierte Partner aus de Beräicher Sport, Beweegung a Fräizäit net méiglech gewiescht. D’Kanner haten d’Geleeënheet, eng ganz Rei Aktivitéiten a Sportaarten kennen ze léieren an auszeprobéieren, dorënner Fussball, Dëschtennis, Liichtathletik, Capoeira, Danz, Zirkuskonschten an aner beweegungsfërderend Atelieren.
E grousse Merci un all déi, déi sech Zäit geholl hunn, fir de Kanner nei Erfarungen ze erméiglechen an hinnen d’Freed un der Beweegung ze vermëttelen. Besonnesche Merci geet och un d’Maison Relais an un eise LASEP-Grupp, deen nees mat vill Engagement an Organisatiounstalent e flotte Schoulsportdag op d’Bee gestallt huet.








