Konschtprojet 2024
Freides, de 5. Juli 2024 war et faarweg an der Veiner Schull. D’Kanner an hiert Léierpersonal haten op de Vernissage vum Konschtprojet 2024 invitéiert.
Bei guddem Wieder konnt jiddereen sech mat Hëllef vun engem klenge Quiz duerch d’Ausstellung an a ronderëm d’Schoul féiere loosse fir déi sëllege Konschtwierker ze bewonneren.
Vum C1 bis rop an den C4 hat all Klass sech eppes afale gelooss zum Thema „Kannerbicher als Konscht duerstellen“. Bei enger séisser Wafel an engem erfrëschende Patt konnt een no der Ausstellung gutt gelaunt an de Weekend starten.