Freides, de 6. Oktober 2023 konnt een am Kader vun enger Liesung mat der Madamm Tina Kemnitz a vill zefridde Kannergesiichter kucken.
Mat Witz a Charme huet déi gebierteg Berlinerin de Kanner aus der Veiner Schull eng sëllege Bicher virgestallt, déi dann och an eiser Schoulbibliothéik kënnen ausgeléint ginn.
D’Kanner hounge gespaant un hire Lëpsen, haten d’Ouere gutt gespëtzt an et gouf gelaacht an applaudéiert.
D’Veiner Schull seet Merci a freet sech op d’nächst Joer, wann d’Madamm Kemnitz nees mat hirer Valise voller neier Bicher op Veianen kënnt.