Iwwerreechung vun de MUSEP-Plaquetten
Am Kader vun der Education musicale dans l’enseignement fondamental MUSEP, déi als Zil huet, de Museksunterrecht ze fërderen, goufen dëst Joer fir d’éischt MUSEP-Plaquettë verdeelt.
Ausgezeechent goufen déi Schoulen, déi zanter méi wéi engem Joer minimum 1 MUSEP-Grupp an hirer Schoul ubidden. Baussent de Schoulzäite bitt déi Schoul deemno Aktivitéiten un, déi vun op d’mannst engem Enseignant encadréiert ginn.
Dës MUSEP-Plaquettë ginn an de MUSEP-Member-Schoulen opgehaangen. Sou ginn d’Elteren an d’Kanner op d’MUSEP an hir Offeren opmierksam an nieft weidere scho bestoenden Aktivitéite (LASEP, Art à l’école) sensibiliséiert, sech musikalesch weiderzebilden a Spaass un der Musek ze entdecken.
D’MUSEP hofft, och an Zukunft Léierpersonal a SchülerInnen fir hir musikalesch a pedagogesch Aktivitéiten ze begeeschteren.
Weider Informatioune fannt Dir hei.