Éischte Schoulhond fir d’Veiner Schull
Säit Enn Abrëll ass d’Veiner Schull houfreg kënnen hiren éischte Schoulhond virzestellen: De Karel. De schwaarze Labrador huet zesumme mat senger Meeschtesch Anouk Galassi all Test an Exame mat „Distiction“ bestan an däerf sech lo offiziell als Schoulhond bezeechnen.
Duerch konkret kandorientéiert Zilvirgaben hëlleft eise neie Schoulhond Léierprozesser ze initiéieren, duerch déi schwéierpunktméisseg emotional a sozial Kompetenzen vum Kand verbessert ginn.
De Karel ass puer Deeg an der Woch bei de Kanner an der Klass fir si moralesch ze ënnerstëtzen an hinnen ënner anerem d‘Gefill vu Gebuergenheet a Sécherheet ze ginn.
Grad eise Schüler mat spezifesche Besoine kann de Karel hëllefen hire Schoulalldag e bësse méi angeneem ze gestalten.
Lo schonn e grousse Merci un de Karel an d’Anouk fir hiren Asaz am Sënn vun de Schoulkanner.


