D’Veiner MUSEP ënnerwee
E Samsdeg, den 3. Mee haten d’Kanner aus der Veiner MUSEP Rendez-Vous zu Stroossen am Centre Culturel Paul Barblé fir zesumme mat anere Schoule Musek ze maachen.
Nieft Veianen a natierlech Stroossen war nach d’MUSEP vun Ettelbréck vertrueden. Ab 10h30 koumen d’Kanner, hir Famillen a Frënn an de Genoss vun engem flotte Concert fir deen am Virfeld fläisseg geüübt gi war.
E grousse Merci de Jofferen Claudine Roettgers a Lisa Del Prete souwéi hire fläissege Schüler aus der MUSEP déi sech bestëmmt schonn den Datum fir d’nächst Joer notéiert hunn.
