Dag vum Bam 2025
De 7. Juni 2025 stoung ganz am Zeeche vum Bam. An Zesummenaarbecht mat vereenzelte lokale Veräiner an der Maison Relais huet d’Veiner Gemeng e léierräichen a spannenden Dag organiséiert, bei deem d’Kanner vill intressant Atelieren zum Thema Bam konnten duerchlafen.
Egal op Kreativitéit, Wëssen oder Geschécklechkeet, et war fir jiddereen eppes dobäi.
Mat engem gudde Maufel oder engem erfrëschende Patt konnten d’Kanner an hir Famillen dëse flotten Dag ausklénge loossen.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden