Fetten Donneschdeg 2026
Fetten Donneschdeg 2026 „Hei kommen déi Veiner Meedercher/Jongen…“ huet et dësen Donneschdeg, den 12. Februar 2026, nees duerch ganz Veianen geschallt. Ganz traditiounsgeméiss waren d’Kanner och dëst Joer op Fetten Donneschdeg heeschen. D’Ënnescht- an d’Iewegtgaasser Jongen a Meedercher sinn verkleed duerch d’Stroosse gezunn an hu Séisses an och e puer Su fir an d’Spuerschwäi gesammelt.…


