Virliesconcours 2026 – Liesfreed am Mëttelpunkt
Am Kader vum Virliesconcours 2026 hunn 4 Schüler*innen aus de C4-Klassen un enger interner Auswiel deelgeholl. D’Kanner hunn sech enger Jury vu véier Läit aus dem Beräich Kultur, Liesen a Bibliothéik gestallt, fir de Schoulgewënner bzw. d’Schoulgewënnerin ze ermëttelen, deen/déi eis Schoul an der nächster Ronn vertrëtt.
All Kand huet en Extrait aus sengem Liblingsbuch virgelies – virun de Schoulkanner aus de C4-Klassen. Dobäi gouf net nëmmen op korrekt Liesen, mee och op Betounung, Liesfloss a Versteesdemech geuecht. All d‘Participanten hunn dës Erausfuerderung mat vill Engagement a Selbstvertrauen gemeeschtert.
No enger knapper Entscheedung huet sech de Hongshi aus dem C4.1 fir déi nächst Ronn qualifizéiert a vertrëtt d’Veiner Schull an der Véirelsfinall vun der Regionaldirektioun Dikrich. Mir wënschen dofir vill Gléck a Succès.
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden








