Den CDSE bitt a reegelméissegen Ofstänn een Elterentraining un. Den nächste Cours fënnt zu Dikrech statt (am Gebai vun der Regionaldirektioun) a fänkt de 27. Abrëll 2024 un.
De Cours fënnt 4 mol Samschdes moies statt (27/04; 11/05; 08/06; 29/06). De Cours gëtt op Lëtzebuergesch an Däitsch gehalen.
De STEP Elterentraining (Systemateschen Training fir Elteren a Pädagogen) dee vum CDSE ugebuede gëtt, baséiert op der Psychologie vum Alfred Adler a Rudolf Dreikurs. Mat dësem Training ginn d’Elteren ënnerstëtzt, fir den Erausfuerderunge vun der Kannererzéiung erfollegräich kënnen ze begéinen.
Den Training riicht sech un Eltere vu Kanner tësche 6 a 12 Joer. D’Methoden déi ee gesäit, kënnen awer op Kanner vun all Alter applizéiert ginn.