D’Krëschtbeemercher 24/25 hunn ausgedéngt
D’Krëschtsaison 24/25 ass riwwer, dofir waren d’Veiner Schoulkanner dësen Donneschdeg, 9. Januar 2025 déi al Krëschtbeemercher asammelen.
Bäi Schnéi, Reen an äisegen Temperaturen hunn d’Jongen an d’Meedercher sech trotzdem op de Wee duerch Veianen gemaach an anengems puer Su fir an d’Kolonieskees gesammelt.
Domat kënnen si Enn des Schouljoers eng wuelverdéngten Glace um Strand genéissen.
E groussen MERCI un „Elteren fir d’Vakanzekolonie a.s.b.l.“ souwéi un dat bedeelegt Léierpersonal, déi d’Kanner bei dëser flotter Aktioun ënnerstëtzt hunn.
Philippe Herman
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden
Président du comité d’école de l’école fondamentale de Vianden