Chers parents

Chers parents, À l’aube de cette nouvelle année scolaire, je suis ravi de vous adresser ces quelques mots pour vous souhaiter  la bienvenue pour cette rentrée scolaire 2026-2027. Nouvelle école, nouvel(le) enseignant(e) ou nouveaux camarades de classe, c’est sans doute une étape inoublia­ ble pour les jeunes écoliers et leurs parents. En vue de vous…

Schoulfest an der Veiner Schull

Freides, den 3. Juli 2026 war am Schoulhaff vun der Veiner Schull nees eppes méi gebueden: Knuspereg Wafelen, häerzhaft Gegrills oder en äiskale Patt, hongereg ass keen heemgaangen. D’Veiner Schull hat op hiert Schoulfest invitéiert, dat ënnert dem Motto Fussball WM stoung. E sëllege Veräiner hunn de Kanner flott a kreativ Atelieren ugebueden. Vun selwer…

Kolonie vum Cycle 2 an der Robbesscheier

Kolonie vum Cycle 2 an der Robbesscheier   Den 13. a 14. Juli huet de Cycle 2 zwee onvergiesslech Deeg an der Robbesscheier verbruecht. An dësem Natur- an Entdeckungszentrum konnten d’Kanner eng ganz Rei spannend Aktivitéiten erliewen, déi d’Natur, d’Zesummenaarbecht an d’Léieren op eng spilleresch Aart a Weis matenee verbannen. Am Laf vun deenen zwee Deeg hunn d’Kanner…

Besuch bei de Veiner Pompjeeën

Besuch bei de Veiner Pompjeeën D’Klass vum Janis Blum aus dem C1A hat viru kuerzem d’Geleeënheet, d’Pompjeeën zu Veianen ze besichen. Wärend dësem flotte Visit kruten d’Kanner de Pompjeesbau gewisen an interessant Erklärungen iwwer d’Aarbecht vun de Rettungsdéngschter. Besonnesch beandrockt waren si vun de groussen Asazgefierer an dem Material, dat bei Asätz benotzt gëtt. Trotz…

Bëschwoch am C1 bei der Canicule

Bëschwoch am C1 bei der Canicule Wärend der Canicule huet de C1 d’Méiglechkeet genotzt, e puer flott Stonnen an der fräier Natur ronderëm Veianen ze verbréngen. Am Schiet vum Bësch konnten d’Kanner bei agreabele Temperaturen zesumme spillen, entdecken a léieren. Nieft ville spannenden Aktivitéiten haten d’Kanner och d’Geleeënheet, gemeinsam ze iessen an déi schéin Natur…

Am Kader vum Schoulfest: Veiner Schull weist Solidaritéit

Am Kader vum Schoulfest vun der Veiner Schull, dat dëst Joer ënnert dem Motto „Fussball-WM 2026“ stoung, konnt e Scheck vun 1.550 Euro un d’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt iwwerreecht ginn. Dëse flotte Montant ass duerch den engagéierten Asaz vun der ESEB-Ekipp an de Kanner vun der Veiner Schull zesummekomm. Am Laf vum…

Den C2.2B aus der Veiner Schull zu Ettelbréck um Wibbel an Dribbel

Den C2.2B aus der Veiner Schull zu Ettelbréck um Wibbel an Dribbel Den 9. Juli 2026 war de C2.2B aus der Veiner Schull zu Ettelbréck um Wibbel an Dribbel dobäi. D’Kanner haten d’Méiglechkeet, eng ganz Rei spannend Sportaarten auszeprobéieren an nei Erfarungen ze sammelen. Um Programm stoungen ënner anerem Vëlofueren, Turnen, Kloteren, Basketball, Handball, Taekwondo,…

MUSEP Veianen – Certificatszeremonie zum Ofschloss vum Schouljoer

MUSEP Veianen – Certificatszeremonie zum Ofschloss vum Schouljoer Zum Ofschloss vum Schouljoer kruten all d’Kanner, déi dëst Joer regelméisseg un de Coursen vun der MUSEP Veianen deelgeholl hunn, hire Certificat iwwerreecht. Mat vill Stolz hunn d’Kanner hire Certificat entgéintgeholl, deen hiren Engagement an hir Begeeschterung fir d’Musek am Laf vum Schouljoer ënnersträicht. Nieft dem Léiere…

MUSEP-Concert an der Larei zu Veianen

MUSEP-Concert an der Larei zu Veianen Den 13. Juni 2026 huet an der Larei zu Veianen e flotte MUSEP-Concert stattfonnt. D’Manifestatioun gouf vun der MUSEP Veianen ënnert der Leedung vum Claudine Roettgers an dem Lisa Del Prete organiséiert, déi zesumme mat de Kanner fir e musikalesch gelongene Moie gesuergt hunn. Nieft de Schülerinnen a Schüler vun…