Kannerfuasbal
Kannerfuasbal an der Larei
Iwwerreechung vun de MUSEP-Plaquetten Am Kader vun der Education musicale dans l’enseignement fondamental MUSEP, déi als Zil huet, de Museksunterrecht ze fërderen, goufen dëst Joer fir d’éischt MUSEP-Plaquettë verdeelt. Ausgezeechent goufen déi Schoulen, déi zanter méi wéi engem Joer minimum 1 MUSEP-Grupp an hirer Schoul ubidden. Baussent de Schoulzäite bitt déi Schoul deemno Aktivitéiten un,…
Duerch déi aktuell Wiederprognose wäerten d’Kanner um 17. Januar 2024 net mussen an d’Schoul goen. D’Schoule bleiwen awer op fir all deene Kanner déi net kennen doheem bleiwen een Accueil ze garantéieren. Et ass och Léierpersonal sur Place. Och aner Strukturen (Crèchen, Maison relais, Foyers) bléiwen zou. Och hei ass trotzdeem een Accueil garantéiert. Dës…
D’Krëschtbeemercher soten äddi D’Zäit vum Lametta an de Liichterketten ass riwwer, dofir waren d’Veiner Schoulkanner dësen Donneschdeg, 11. Januar 2024 déi al Krëschtbeemercher asammelen. Bäi sonnegem awer äisegem Wieder hunn d’Jongen an d’Meedercher gutt geschafft an an engems puer Su gesammelt fir an d’Kees vun der Kolonie. Wann se also Enn des Schouljoers iergendwou déi…
D‘Veiner Lasepskanner beim Fechten Den 12. Dezember huet um Lampertsbierg eng spannend Fecht-Veranstaltung vun der LASEP stattfonnt. D’Kanner aus de Cyclen 3 a 4 haten d’Méiglechkeet, d’Sportaart Fechten auszeprobéieren. D’Fechtmasken an d’ Floretten goufen vum Cercle d’Escrime Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt. Den Trainer huet déi technesch Säiten erkläert, an d’Kanner konnten och géinteneen untrieden. Besonnesch…
Nei Schëlter fir d’LASEP an d’MUSEP D’Veiner Schoulkanner sinn och an hirer Fräizäit ganz aktiv a betätegen sech sportlech an der LASEP a stellen hiert musikalescht Talent an der MUSEP ënner Beweis. An deem Kontext krut d’Veiner Schull 2 flott Schëlter, déi den Asaz vun eise Schüler symbolesch duerstellen. Zukünfteg sinn dës Schëlter nieft…
37. Cross national zu Dikrech An der Woch virun Allerhellegen ass et nees sportlech zougaangen. 25 Kanner aus der Veiner Schull haten sech am Kader vun der LASEP um 37. Cross national zu Dikrech ageschriwwen. Eis Jongen a Meedercher hunn all hiert Bescht ginn an haten e sportlechen Nomëtteg mat Freed a Spaß un…
Nëssschidden 2023 De „Veiner Nëssmoort“ steet virun der Dier an dofir waren d’Veiner Schoulkanner och dëst Joer nees op hirem traditionellen „Nëssschidden“ aktiv. D’Schüler aus de Cyclen 3.2; 4.1 a 4.2 hu wärend bal 3 Stonne voller Begeeschterung Nëss gesammelt, déi um Nëssmaart um Stand vum Veräin „Eltere fir d’Vakanzekolonie a.s.b.l.“ kënne verkaf ginn. Mat…
Freides, de 6. Oktober 2023 konnt een am Kader vun enger Liesung mat der Madamm Tina Kemnitz a vill zefridde Kannergesiichter kucken. Mat Witz a Charme huet déi gebierteg Berlinerin de Kanner aus der Veiner Schull eng sëllege Bicher virgestallt, déi dann och an eiser Schoulbibliothéik kënnen ausgeléint ginn. D’Kanner hounge gespaant un hire Lëpsen,…
Les activités de Lasep reprennent leurs cours à partir du lundi, 2 octobre 2023. Ainsi, une journée d’inscription sera organisée le lundi 25 septembre 2023 de 16h30-17h30 au centre sportif Larei. Les frais d’inscriptions s’élèvent à 40 euros. Les horaires de Lasep pour l’année scolaire 2023-2024: C1: Mercredi de 16h30-17h30 (Mme Laura Scholtes) C2: Mercredi…