D’Veiner MUSEP zu Stroossen

« Mat Freed Musek maachen », dofir d’steet d’MUSEP. A genee dëst huet sech och d’Veiner Schull zu Häerz geholl an ass samstes, de 15. Juni 2024 mat de MUSEP-Kanner op Stroossen gefuer fir hir musikalesch Talenter ënner Beweis ze stellen. Ënnert der Leedung vum Claudine Roettgers haten d’Kanner aus der Veiner Schull nieft de Schoule vu Bous,…

Konschtprojet

Konschtprojet 2024  „Kannerbicher als Konscht duerstellen“

Léif Elteren,   Säit Woche gëtt an all Klass fläisseg gemoolt, gebastelt, gepecht a geseet: De Konschtprojet 2024, ënnert dem Motto „Kannerbicher als Konscht duerstellen“, steet virun der Dier. Dofir luet d’Léierpersonal aus der Veiner Schull Iech an Är Kanner häerzlech an un dësem Evenement deelzehuelen. E Freideg, de 5. Juli 2024 vu 17:00 bis 19:00 Auer kënnt Dir…

Bicycool: Sécherheet a Freed um Vëlo

Bicycool: Sécherheet a Freed um Vëlo Pünktlech zum Fréijoersufank waren d’Kanner aus der Veiner Schull nees mat hirem Vëlo ënnerwee, dëst am Kader vum „Bicycool“-Projet vum Script. Sëtzt mäin Helm richteg um Kapp? Sinn meng Pneuen opgepompelt a mäi Suedel op meng Gréisst agestallt? No e puer kuerzen awer wichtegen sëcherheetstechnischen Erklärungen konnten d’Kanner aus…

Den CDSE bitt a reegelméissegen Ofstänn een Elterentraining un

Den CDSE bitt a reegelméissegen Ofstänn een Elterentraining un. Den nächste Cours fënnt zu Dikrech statt (am Gebai vun der Regionaldirektioun) a fänkt de 27. Abrëll 2024 un. De Cours fënnt 4 mol Samschdes moies statt (27/04; 11/05; 08/06; 29/06). De Cours gëtt op Lëtzebuergesch an Däitsch gehalen. De STEP Elterentraining (Systemateschen Training fir Elteren a Pädagogen) dee vum CDSE…

àobligatorisch Aschreiwung àInscriptions obligatoires via Umeldungsformulaire voir talon d’inscription

Elterenowend

Elterenowend An Zesummenaarbëcht mam Eltereforum an der Eltereschoul Janusz Korczak En collaboration avec l’« Eltereforum » et l’« Eltereschoul » Janusz Korczak 7.3.2024 Centre Culturel „Larei“ 18.30 – 20.30 – Aschreiwung just per Papeierversioun méiglech (D’Schoulkanner kruten dësen Umeldungsformulaire mat heem) – Inscription uniquement possible via le formulaire d’inscription distribué aux écoliers.  

Veiner Schullkanner ginn hääschen

D’Veiner Schullkanner ginn hääschen

D’Veiner Schullkanner ginn hääschen D’Fuesent huet och zu Veianen lo richteg ugefaang. Trotz Schmuddelwieder hunn d’Kanner sech et net huele gelooss a si verkleet duerch Veianen gezu fir Séisses a puer Su ze sammelen.  D’ënnischtgaasser Meedercher a Jongen an d’iewischtgaasser Meedercher a Jongen hate fläisseg hiert Litt geübt a si vun Haus zu Haus sange…

Liichten 2024

Der Veiner Schull hir Jéngst ware liichten

Der Veiner Schull hir Jéngst ware liichten Um Weekend vum 1.&2. Februar 2024 huet ee vill kleng Féisercher, faarweg Mutzen a wonnerschéi Lampione gesinn duerch Veianen wuselen. Eis Allerklengst haten sech mat hirem Jabel op de Wee duerch eis Stroosse gemaach an hunn de Leit stolz hir selwer gebastelt Liichtercher gewisen a wann een seng…

Mir gi Liichten

Mir gi Liichten

Mir gi Liichten  Donnesdes, den 1. Februar 2024 – rue de la Frontière – op d’Knippchen – Cité de l`Our – Moenchkelterhous – Neigoort – rue de la Gare – Grand-rue   Freides, den 2. Februar 2024 – rue Théodore Bassing – Cité am Bungert – Kalchesbaach – Kohnerloch – rue du Sanatorium – Bousebärig –…

Iwwerreechung vun de MUSEP-Plaquetten

Iwwerreechung vun de MUSEP-Plaquetten

Iwwerreechung vun de MUSEP-Plaquetten Am Kader vun der Education musicale dans l’enseignement fondamental MUSEP, déi als Zil huet, de Museksunterrecht ze fërderen, goufen dëst Joer fir d’éischt MUSEP-Plaquettë verdeelt. Ausgezeechent goufen déi Schoulen, déi zanter méi wéi engem Joer minimum 1 MUSEP-Grupp an hirer Schoul ubidden. Baussent de Schoulzäite bitt déi Schoul deemno Aktivitéiten un,…