De Cycle 2 zu Munzen an der Robbesscheier

De Cycle 2 zu Munzen an der Robbesscheier De Cycle 2.2 war op Besuch beim Schmadd, Schräiner a Bäcker. D’Schoulkanner kruten hei e flotten Abléck an dëst traditionell a kreativ Handwierker a konnten selbstverständlech och selwer hir eegen Konschtwierker erstellen.   Fir méi Fotoen hei klicken

Schoulsportdag 2023

Schoulsportdag 2023   Nodeems d’Wieder eis d’letzt Woch e Stréch duerch d’Rechnung gemaach hat, konnt de Schoulsportdag 2023 dësen Donneschdeg, 29. Juni ënnert perfekte Konditioune stattfannen. Um Camping „Deich“ goufen de Kanner aus de Cyclen 1-4 am ganzen 11 Atelieren zur Verfügung gestallt an deene Geschécklechkeet, Ausdauer, Teamgeescht a net ze vergiessen de Spaass a Fun am Vierdergrond stoungen. Vun 8-12 Auer…

Schoulfest2023

SCHOULFEST

Samstes, den 8. Juli 2023 vun 11h00 bis 15h00 an Zesummenarbëcht mat lokalen Veräiner & Betrieber an der Ënnerstëtzung vun der Veiner Gemeng Spektakulär Show mam Georges Christen (um 13h30), Musik, Spiller & Ateliers fir d’Kanner a villes méi! Fir Iessen a Gedrénks ass bestens gesuergt! Kommt a feiert mat eis um Campus vun der Veiner…

De Cycle 2 an der Stad Lëtzebuerg

De Cycle 2 an der Stad Lëtzebuerg

De Cycle 2 an der Stad Lëtzebuerg D’Kanner vum Cycle 2 waren den Freideg, 12. Mee an d’Philharmonie de Konzert „D’fënnef Elementer“ lauschteren. Dobäi konnten si live den Orchester, esou wei déi passend Instrumenter dozou gesinn. D’Kanner konnten Stécker vu bekannten Komponisten lauschteren, dorënner zum Beispill dem Beethoven seng 6.Symphonie. Fir an d’Stad hunn d’Kanner den gratis ëffentlechen Transport kenne netzen. Esou sinn eng…

Pompjeesdag 2023

Pompjeesdag 2023

Pompjeesdag 2023 Wéi déi letzt Joren och, war den 19. Mee 2023 nees de Pompjeesdag fir d’Cyclen 3.2 bis 4.2. De ganze Moien hunn d’Schüler an 3 verschiddenen Ateliere vill Wëssenswäertes iwwert d’Material, d’Asätz an den Alldag vun de fräiwëllege Pompjeeë geléiert. Si konnten e klengt Feier läschen, éischt Hëllef um Dummie leeschten, kruten eng spektakulär Fettexplosioun virgefouert…

#Mirgimamguddebeispillvir #Haltnaturpropper

D’Veiner Schull geet op d’Grouss Botz

D’Veiner Schull geet op d’Grouss Botz An der Woch vum 24. Abrëll 2023 huet et nees an eise Bëscher ronderëm Veianen gewibbelt: D’Veiner Schoulkanner waren op d’Grouss Botz. Vill fläisseg Hänn hunn den Dreck, deen leider an eiser Natur hannerlooss gëtt, agesammelt an a bloen Tuten op vereenzelte Sammelplazen ofgestallt, wou en vun der Veiner…

bicycool logo

Bicycool : Eng sportlech Woch geet zu Enn

Bicycool : Eng sportlech Woch geet zu Enn Am Kader vum Projet „Bicycool“ konnten d’Kanner aus der Veiner Schull hir Talenter um Vëlo ënner Beweis stellen. No enger kuerzer Aféierung zum Thema „Sécherheet um Vëlo“ an no kandgerechten Erklärunge wéi ee säin Helm a säin Drotiesel a Schoss hält, goung et lass. Sämtlech Klassen aus de…

Nei Trikoten fir d’Veiner LASEP

Nei Trikoten fir d’Veiner LASEP

Nei Trikoten fir d’Veiner LASEP Zukünfteg kënnen d’Jongen an d’Meedercher aus der Veiner LASEP net just mat hire Leeschtungen, mee och mat hire neien Trikoten glänzen. Mam Schoullogo op der Broscht an de Faarwe vum Veiner Wopen sin eis Butzen, Athletinnen an Athleten och lo moudesch op den éischte bléck eng Equipe. An deem Sënn…

Fetten Donneschdeg zu Veianen

Fetten Donneschdeg zu Veinen

Fetten Donneschdeg zu Veianen An der Fuesvakanz war et nees souwäit: D’Veiner Kanner sinn heesche gaangen. Ganz traditiounsbewosst haten d’Jongen an d’Meedercher sech opgedeelt a 4 Gruppen: „D’ënnischtgaasser Meedercher a Jungen“ an „D’iëwischtgaasser Meedercher a Jungen“. Wéi se schéi verkleet vun Haus zu Haus schelle gaange sinn,hunn se dateenzegaartegt Heeschelitt gesongen, datt et just hei…

lies dech op Matterhorn

Lies dech op d’Matterhorn

  Lies dech op d’Matterhorn Fir d’Motivatioun an d’Freed um Liesen ze fërderen, huet eise Bibliothéiksgrupp d’Schoulkanner gebieden, sech mat Hëllef vun den Antolin-Punkten bis erop op d’Matterhorn ze liesen. Déi Klassen, déi wollte matmaachen, hate puer Wochen Zäit fir souvill Punkten op Antolin ze sammelen wéi d’Matterhorn héich ass, also 4478. D’Kanner hunn dësen…