Fetten Donneschdeg 2025
Fetten Donneschdeg 2025 „Hei kommen déi Veiner Meedercher/Jungen…“ huet et dësen Donneschdeg nees duerch ganz Veianen geschalt. Ganz traditiounsgeméiss waren d’Kanner op Fetten Donneschdeg heeschen. D’Ënnescht-an d’Iewegtgaasser Jongen a Meedercher sinn trotz Reeschauer verkleed duerch d’Stroosse gezunn an hu Séisses a puer Su fir an d’Spuerschwäi gesammelt. Merci un all d’Veiner Leit, déi de Kanner…